Beaver

Beaver (vun 5-8 Joer)

Den éischten Schrëtt an den Scouten maachen déi meescht Leit an den Beaver. Kanner vun 5 bis 8 Joer bilden hei all zesummen eng Kolonie Beaver déi zesummen vill Saachen erliewen. Ënnerdeelt an Dämm fir déi jeeweils een Chef zoustänneg ass leieren si sech an engem Grupp upassen, déi aner respektéieren an zesummeschaffen.

All Wochen treffen si sech fir zesummen ze spillen, ze bastelen, Natur ze entdecken an kleng Deeler vum Scoutismus ze entdecken. Hinnen geet et virun allem drëm zesummen eng flott Zäit ze verbréngen, guidéiert vun hiren Cheffen déi probéieren hinnen verschidden Wäerter wei Respekt, Toleranz, Solidaritéit,… méi no ze bréngen.

Dat ganzt fënnt am Kader vun der Geschicht ‚Frënn aus dem Besch‘ statt, eng Geschicht an där eng Beavercolonie an eng Mënschefamill sech kennen léieren an hier géigesäiteg Liewensstiler entdecken.

Eis Aktivitéiten

Zesummen laachen

Neies kennen léieren

Zesummenhalt an Frëndschaft

Scoutstechniken

Spill a Spass

Kachen

Liewen am Bësch

Spiller

Beaverdevise

Deelen - deelen - deelen

Beavergesetz

  • E Beaver as frou

  • E Beaver as fläisseg

  • E Beaver denkt un d'Natur

  • E Beaver hëlleft iwwerall

Kontakt