Sie sinn Kanner tëscht 8 an 11 Joer déi sech emol an der Woch treffen, fir nei Saachen ze entdecken an ze leieren an sech dobäi ëmmer gutt ze ameséieren. Genau wei Beaver spillen a bastelen si, si verbréngen vill Zäit dobaussen an der Natur an leieren am Grupp liewen. Den Wëllefchersprogramm baséiert sech op Dschungelbuch vum Rudyard Kipling.
D’Wëllefchersbranche lieft no der Devise “Mir dinn eis Bescht”, zesummen an enger Meute, an engem Ruddel, esou wéi och d’Wëllef am Dschungel dat maachen.
De Wëllefchen versprécht, all Dag engem eng Freed ze maachen an huet mat senge 5 Saache bal alles derbäi, wat e brauch.
Bei de Wëllefcher liewe mir zesummen am Dschungel, engem tropeschen Bësch, mat ville Planzen. An all eis Bekannt liewen do: d’Wollefsfamill mat hirem Chef Akela, d’Wollefsmamm Rakscha, de schwaarze Panther Bagheera, de brongen Bier Baloo, an déi vill aner….
Am Dschungel ginn et vill Gesetzer, un déi d’Déieren, an och mir, sech halen mussen, fir gutt zesummen ze liewen. Da kann all Mënsch an Déier och zesumme vill bäiléieren a vill Spaass hunn.
Wéi d’Wëllef am Dschungel liewen och d’Wëllefcher zesummen am Respekt mateneen. D’Wëllefchersgesetz hëlleft eis dobäi.
D’Verspriechen, d’Gesetz an d'Devise sollen eis hëllefe besser duerch d’Liewen ze kommen: fir ëmmer ze probéiere säi Bescht ze maachen, ze hëllefe wéi a wou ee kann, an sech un d’Gesetz ze halen.
Spaass hunn
Erausfuerderungen meeschteren
Hëllefen
Spillen
Scoutstechniken
Neies entdecken
Aventuren
Zesummenhalt
E Wëllefche lauschtert op deen ale Wollef.
Ee Wëllefche mécht d'Aen op a spëtzt d'Oueren.
Ee Wëllefchen ass propper a seet d'Wourecht.
E Wëllefchen ass e gudde Komerod.
E Wëllefchen hëlleft wéi a wou hie kann.