Scouten

Scouten (vun 11-14 Joer)

Si hunn tëscht 11 an 14 Joer an treffen sech all Wochen fir zesummen nei Deeler vum Scoutismus kennenzeléieren oder ze verfeineren an dobäi vill Spaass ze hunn. Si bauen Konstruktiounen, kachen, maachen Sport, beweegen sech an der Natur, schlofen am Zelt, liesen Kaarten, …

Scoute liewen zesummen mat hire Frënn an enger Patrull, déi aus 6-8 Jongen a Meedercher besteet. An der Patrull ënnerhuele mir vill zesummen, an dozou kann a soll jiddereen säin Deel bäidroen. An der Patrull geet et drëms selwer Initiativ a Kreativitéit ze beweisen an zesummen ze schaffen.Sou kennen Scouten lues an lues ëmmer méi Responsabilitéit huelen an leieren selbstänneg ze agéieren.

De Scout ass ëmmer bereet, probéiert säi Bescht, iwwerhëlt Verantwortung par Rapport zu sech selwer a senge Matmënschen a setzt sech mat senge Scoutsfrënn an fir eng besser Welt.

Eis Aktivitéiten

Konstruktiounen bauen

Mol knaschteg gi

Spaass

Learning by Doing

Aventuren

Hike

International Frëndschaften

Zelten

Scoutsdevis

Ëmmer bereet

Scoutsgesetz

  • E Scout, e Wuert

  • E Scout huet Disziplin

  • E Scout ass offen an héiflech

  • All Scouten si Bridder a Schwësteren

  • E Scout mécht säi Bescht, fir allen, déi an Nout sinn, ze hëllefen

  • E Scout mécht all Dag e gutt Wierk

  • E Scout ass gutt mat den Déieren a respektéiert d'Natur

  • E Scout hëlt alles vun der gudder Säit

  • E Scout respektéiert, wat anere gehéiert

  • E Scout ass propper u Leif a Séil, seet a mécht näischt Schlechtes

Kontakt